Éimaischen an der

Alstad 2026

3 Péckvillercher fir déi dësjähreg Éimaischen

Péckvillchen CA

Och dëst Joer proposéiere mir iech onse Péckvillchen an den traditionellen Faarwen vum Comité Alstad orange a blo. Entworf an hiergestallt bei der Ligue HMC op der Cap. D’Koppel Péckvillercher CA kaschten 50 € (1 orange/blo + 1 blo/orange). Oder eenzel da kascht de Péckvillchen 28 €.

Bestelen kann een déi Péckvillercher beim Comité Alstad duerch duerch iwwerweisen vun der enstspriechender Zomm  op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 mam Vermierk „Péckvillchen CA“

Péckvillchen Palais

Dëst Joer gëtt et dann och eppes neis. De Péckvillchen Palais entworf vun der Madamm Sandra Pereira an och an hierem Atelier zu Useldeng hiergestallt huet als Motiv de Palais, deen ons nach eng Kéier un den Trounwiesel erënnere soll. De Péckvillchen ass den 1. vun enger Serie mat Motiver vun der Alstad a mir wëlle nach emol drop opmierksamm man dass all Péckvillercher vun der Madamm Pereira 100% Handarbecht ass. De Péckvillchen Palais kasscht 35 €.

Bestellen kann een de Péckvillerchen Palais beim Comité Alstad duerch duerch iwwerweisen vun der enstspriechender Zomm  op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 mam Vermierk „Péckvillchen Palais“

Péckvillchen Télévie

Dëse flotte Péckvillchen, mat Schal an Logo Télévie,  déi mer verkafen zu Gonschten vum Télévie gouf an dem Keramikatelier vun der Fondatioun Kräizbierg entworf an och do fabrizéiert. Péckvillchen kascht s vun 40 €.

Bestellen kann een de Péckvillerchen Télévie beim Comité Alstad duerch duerch iwwerweisen vun der enstspriechender Zomm  op de Kont bei der Spuerkees IBAN LU64 0019 1755 0897 mam Vermierk „Péckvillchen Télévie“

Ofhuele kann ee seng bestallte Péckvillercher Ouschterméindeg, den 06. Abrëll 2026 op der Éimaischen um Stand vum Comité Alstad (um Rouscht hannert dem Palais) vun 09:00 Auer un bis 17:00 Auer). Wien awer net kann op d’Éimaische kommen, dee ka seng Bestellung am Büro vum Comité Alstad ofhuelen um N° 14 an der Siegfridstrooss (vis-à-vis vum Staatsrot) vun Dënschdes, den 07. Abrëll bis Freides, den 10. Abrëll 2026 oder op Rendez-vous.