D’Éimaischen am

Laf vun der Zäit

D’Éimaischen ass en Emmausmaart.

De Maart ass op Ouschterméindeg, well deen Dag d’Aulebäcker an der Méchelskierch an der aler Stad hir Zonftmass gefeiert hunn. No der Mass goufen op der Plaz virun der Méchelskierch lerdewuere verkaf.

Virwat grad op Ouschterméindeg? En Emmaus-Maart gouf et bestëmmt och nach ënzwousch anescht. Am Brevéier, fir méi genau ze sinn, an der Priedegt vum hellege Gregorius, gëtt op dem Dag vun Ouschterméindeg d’Handwierk vun den Aulebäcker ernimmt. Firwat eigentlech grad deen Dag? Dat wësse mer net, an dat ass och net méi erauszefannen. Mee eent ass sécher, op alle Fall gouf et hei an der Méchelskierch, oder wéi déi Alstater nach haut soen « op Dominikaner », eng Aulebäckeschmass op Ouschterméindeg. A wéi seet schonn onse Spezialist a Saache Folklor, den Alain Atten:
« Eng Dëppebäckeschmass op Emmausdag ass nach lang keng Éimaischen ».
Iwwert a vu festleche Gebräicher an der Alstad kann een an deenen ale Regëschtere vun der Theobaldusbrudderschaft villes nokucken.

Iwwert all Zonftmass wësse mer Bescheed, mee iwwert ons Éimaische fanne mer
keng Zeil an deenen alen Dokumenter. A kenge vun deene ville Maartstatistiken, déi an onsem Nationalarchiv versuergt ginn, sief dat aus der Zäit vun den Éisträicher, oder vun de Fransousen, fanne mer eppes iwwert ons Éimaischen. Ass et méiglech, datt d’Éimaischen vun de Fransouse ganz ofgeschaf gouf? Den Emmaus-Maart hat vläicht esou u sénger Bedeitung verluer, datt d’Theobaldusbrudderschaft et net méi fir néideg fond huet, fir doriwwer ze schreiwen. Mee eent ass sécher, datt wann et eng Zonftmass op Dominikaner gouf, gouf et och op der Plaz virun der Kierch e Maart. Leider wësse mer net, wéi laang et schons den Aulebäckeschmaart op der Plaz virun der Méchelskierch gouf.

Eng éischte Kéier gëtt déi Fëschmaarter Éimaischen ernimmt an enger offizieller Maartkorrespondenz.

Et handelt sech hei ëm e Bréif vum 3. Abrëll 1827, deen de Polizeikommissär Jemp Müllendorf un de Schefferot vun der Stad Lëtzebuerg geschriwwen huet:

« Nobles et honorables seigneurs – Le lundi de Pâques se tient une petite foire, principalement en poterie, en face de l’église Saint-Michel, et elle attire un grand rassemblement de monde, surtout d’enfants. Quoique la rue soit large en cet endroit,
le passage s’est trouvé obstrué ce jour et quoique ce ne soit plus jour de fête, l’office divin se fait comme autrefois dans la susdite église. Par conséquent ce rassemblement de monde et de tumulte qui en est inséparable, sont très indécents en ce lieu. Je proposerai donc à vos seigneuries de transférer cette foire sur la grande place du Marché aux poissons qui réunit en elle-même tous les avantages de la sûreté publique, la liberté des passages et un plus grand éloignement de l’église. On pourrait au besoin, pour prévenir les disputes que la cupidité de certaines personnes y fait souvent naître, pour occuper la première place, en faire la distribution la veille. »

Schons dräi Deeg méi spéit, also de 6. Abrëll 1827, huet de Buergermeeschter vun der Stad sengem Polizeichef eng schrëftlech Äntwert geschéckt : « Nous vous autorisons pleinement à prendre toutes les mesures que vous jugerez convenables pour la tenue de la foire d’Emmaus. » Et wor also de 16. Abrëll 1827, wéi déi éischt Éimaischen op der grousser Plaz um Fëschmaart ofgehal gouf, an dun och hei hir definitiv Plaz fond huet, bis haut. Mee nëmmen en typeschen Aulebäckeschmaart wor et net méi, et wor nach just e Kreemchesmaart. Bis zum éischte Weltkrich gouf et ierde Spillsaachen op der Éimaischen ze kafen. Mir wëssen, datt déi Zäit schons d’Éimaischen vu ville Kanner besicht gouf. A wann ee Kanner seet, dann denkt een natierlech un d’Spillgezei, wat se do kaf kruten. A wat konnt ee schons op sou engem Aulebäckeschmaart vu Spillgezei kafen?

Et kann ee sech virstellen, datt een dat ze kafe krut, wat onsen Nationaldichter Dicks 1883 a senge Lëtzebuerger Gebräicher opgezielt huet, esou zum Beispill: «Péckvillercher», «Spriddelcher», «Leinefässercher» an och «Weirachen». Wéi déi Nouspelter Iewen esou lues a lues ëmmer manner gebak hun, ass duerfir méi auslännesch Wuer op de Maart komm. - Während 20 Joer gouf et kee Lëtzebuerger Péckvillche mé.

„ Am éischten Weltkrich 1918 gouf d’Éimaischen kuerzfristeg ofgesot well Fligerattacke gefaart goufen. “

An dun ass et biergof gaang mat der Éimaischen.
Zënter 1914 si Joer fir Joer ëmmer manner Leit op Ouschterméindeg d’Fleeschiergaass erofgetrëppelt, fir en Tour iwwert déi Fëschmaarter Éimaischen ze man.

A wéi schons gesot, d’Éimaischen wor nëmme méi e Kreemchesmaart, et goufe keng «Hänsercher» méi, keng ierde Päifen, keng Tase mam Numm drop, déi ee senger Freiesch kaf huet, fir hir domadder ze soen, datt ee frou mat hir wir.

Wéinst de Kanner, a wéinst dem Profit, sinn du d’Geschäftsleit op d’Iddi komm, fir Péckvillercher aus der Eifel kommen ze loossen. Just dat bëssche Spillgezei an och e puer gro stengen Dëppe gouf et bis ufanks den drësseger Joeren. Mee mir wëssen awer och, datt am éischte Weltkrich, 1918, d’Éimaischen kuerzfristeg ofgesot gouf, (dat wor dann schons fir zweet) well Fligerattacke gefaart goufen. No der Éimaischen an enger Sëtzung vum Gemengerot vum 7 Abrëll 1918 ass dunn e Kredit vun 2.500 Frang votéiert gin fir Händler fir déi ausgefalen Éimaischen ze entschiedegen.

Et wor am Joer 1937, wéi e puer Alstater an och Frënn vun der Alstad, nämlech d’Häre Gust. Hoffmann, Jos. Parmentier, Pierre Feidert a J. P. genannt Jemmy Koltz, sech mat den Häre Georges Schmitt (Conservateur am Musée) a Lambert Schaus (Staatsrot, Minister an Ambassadeur) zesumme fond hu fir de Quartier vun der Alstad erëm nei opliewen ze loossen. An am besonneschen ass et hinnen drëms gaang, fir dat uraalt Volleksfest, d’Éimaischen, erëm nei opliewen ze loossen.
An der Mëtt vun den drësseger Joeren huet d’Éimaischen riskéiert, hir Popularitéit an Attraktivitéit ze verléieren. E puer Pessimisten hu souguer geklot «D’Éimaischen stierft, d’Éimaischen ass dout». A fir dat ze verhënneren, gouf dun en „Organisatiounscomité fir d’Éimaischen“ an d’Liewe geruff, an de Lambert Schaus wor President vun dësem Organisatiounscomité, aus deem du spéider de Comité Alstad entstanen ass.

Méindes, den 8. Mäerz 1937 hat d’Stad Lëtzebuerg an den Organisatiounscomité fir d’Éimaischen op eng Pressekonferenz an d’Stadhaus invitéiert, fir de Programm vun der Éimaischen 1937 virzestellen. Et gouf eng Éimaischen op d’Bee gesat, wéi de Fëschmaart well säit Joerzéngte keng méi gesinn hat. Hei den Artikel vun der Pressekonferenz, deen den 9. Mäerz 1937 am Luxemburger Wort publizéiert gouf:

„Im Dienst der Altstadtfolklor. Die städtische Festkommission hatte gestern Abend zusammen mit dem Organisationsausschuß die Bewohner des Fischmarktviertels, die interessierten Geschäftsleute und die Presse ins Stadthaus eingeladen, um den Gedanken der Wiederbelebung der „Emeischen” zusammen zu erörtern. Herr L. Schaus gab als Präsident der Festkommission einen recht interessanten historischen Rückblick auf dieses prächtige und spezifische Stück luxemburgischer Folklore. Dann gab er eine Übersicht über das von der Festkommission ausgearbeitete Festprogramm: am Vorabend Konzert der Clausener Fanfare mit luxemburgischem Programm auf dem fahrbaren Kiosk, Festbeleuchtung des ganzen Viertels: Bock, Rham, St. Michelskirche, „Gölle Klack” und Umgebung. Anbringung des Festmastes, wo Geschenke der Wagemutigen harren usw. Am eigentlichen Festtag also am Ostermontag: Kinderspiele, Ballonwettbewerb, den der „Touring Club” im Verein mit dem Organisationsausschuß sehr interessant gestalten will, Trotinettenwettbewerb für Kinder. Volksbelustigungen aller Art, eigener Stand mit gefärbten Ostereiern, wo man das altbekannte „Eierticken” vornehmen kann, abends Harmonikawettbewerb mit Preisen von 250, 150, 75, 50, und 25 Fr.: Herr Schaus legte den Einwohnern ans Herz, für Schmuck und Aushängen der Fahnen zu sorgen, um dem Fest ein würdiges Gepräge zu verschaffen. Natürlich wird die diesjährige Emmausfeier sich bis in die späten Abendstunden ausdehnen. So werden am heurigen Ostermontag die charakteristischen “Pickfillercher” die beblümten Tassen, die Weihrauchfäßchen wieder neu aufleben und abends wird sich die Jugend beim Klang der Schiffer-klaviere im flotten Reigen drehen. Nach einer kleinen Aussprache, im Verlauf welcher verschiedene Einwohner des Fischmarktviertels ihre Meinung äußerten und die Festkommission Erfüllung ihrer Wünsche versprach, ergriff Herr Stadtrat Lambert Schaus das Wort. Er dankte dem Schöffenrat und der Stadtverwaltung für die großzügig gewährte Beihilfe zur Belebung eines altluxemburgischen Festes, der Presse für ihre Mitarbeit und bat die interessierten Kreise wacker am Gelingen des Festes mitzuarbeiten, das bestimmt am Ostermontag viel Leben ins Fischmarktviertel bringen wird. Hoffentlich, das unterstrich Herr Schaus ebenfalls, werden sich auch manche Trachten aus der guten alten Zeit am Feste beteiligen.“

Photo: Batty Fischer 1937
© Photothèque Ville de Luxembourg

Fir d’Éimaischen den 29. Mäerz 1937 - E Lëtzebuerger Keramiker aus dem Reckendall, de Peterse Jang, huet d’Initiative ergraff, fir Péckvillercher aus richtegem Nouspelter Leem ze man.

Et wor eng Éimaischen mat Éirepaarten, Truechtegruppen an Ouschtereeër. Et gouf esouguer e Stéck Folklor ausgegruewen, wat bestëmmt scho säit engem Joerhonnert verschwonne wor, wann et och déi Säit der Sauer haut nach ganz lieweg ass: si haten e Meebam opgeriicht mat wäisse Bänner a Flätschen. - Awer och den neien Organisatiounscomité fir d’Éimaischen wor mat engem Stand op der Éimaischen vertrueden, virun dem Haus Wurth-Paquet oder besser bekannt d’Haus mat der héiger Trapp (Haut The Tube Bar op der N° 2 an der Siegfridstrooss). Gefierften Ouschtereeër si verkaf ginn, an dat albekannten „Eeërtëcken“ ass gespillt ginn.

Zënter 1937 ass den „Organisatiounscomité fir d’Éimaischen“ Joer fir Jor mat engem Stand op der Éimaischen ze fannen. Allerdéngs gouf et eng Ënnerbriechung vu véier Joer an de Krichsjoeren, well och d’Éimaischen vun den Okkupanten op de Knuedler ëmgesiedelt gouf.

Wéini aus dem Organisatiounscomité de Comité Alstad ginn ass, wësse mer net genee (wahrscheinlech an den 50 Joren), an fir et méi einfach ze man schwetze mer vun elo un nëmmen méi vum Comité Alstad.

Den Organisatiounscomité fir d’Éimaischen, aus dem spéider de Comité Alstad ginn ass, huet vun Ufank u ganz enk mat der Festkommissioun vun der Stad Lëtzebuerg zesummengeschafft, a mir sin houfreg drop, datt dat och nach haut esou ass.

1938 - Eng ganz speziell Iddi haten d’Grënner vum Comité Alstad: si wollten d’ Fest vun der Éimaischen mat engem gudden Zweck verbannen: de Leit eppes spezielles ubidden, wat se nëmmen deen Dag vun der Éimaischen ze kafe kruten, a mam Erléis e sozialt Wierk ënnerstëtzen.

Domat wor d’Éimaische gerett, a si huet bis haut nach net un Attraktivitéit a Popularitéit verluer. A muencher een huet sech mat den Éimaischensouvenieren eng flott a schéin Kollektioun opgebaut. Den éischten Éimaischenssouvenir, dee verkaf gouf, an dat zu Gonschte vun der Crèche op Almënster, wor eng Mapp « Lëtzebuerger Biller » mat 3 Reproduktioune vu Fiederzeechnunge vum Joseph Propst. Dës Zeechnungen hunn d’Haaptfiguren aus dem Dicks senge Wierker gewisen. Si goufe verkaf zum Präis vun 3 Frang d’Stéck, oder zesummen an enger Mapp fir 15 Frang. Vun all Zeechnung gouf et 300 nummeréiert Stéck. Dat wor net nëmmen eng gutt Iddi, mé och e groussen Erfolleg an Crèche huet sech op déi finanziel Ënnerstetzung gefreet.

1941–1945 gouf et keng Éimaischen um Fëschmaart, an och keng Éimaischens-souvenire vum Comité Alstad. Wéi scho gesot, hat de Comité Alstad elo missen eng Zwangspaus aleeën. Awer eng Éimaischen gouf et nach ewell, wann och net um Fëschmaart. Si gouf op de Knuedler ëmgesiedelt. Aus der gudder aler Éimaischen ass eng Kirmes gi mat Schéissbudd a Karussel. Wann een esou déi verschidde Lëtzebuerger Zeidungen aus däer Zäit liest, war et während deenen 2 Deeg schwaarz vu Leit. Mee op deenen Fotoen, déi ons frëndlecherweis vun der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg zur Verfüjung gestallt goufen aus der Zäit, gesäit et awer anescht aus.

1946 - Fir d’éischte Kéier no der Liberatioun, ass d’Éimaischen erëm um Fëschmaart. Eng Schësselche mat engem Péckvillchen, besser konnt een net eng nei Serie vun Éimaischenssouveniren ufänken. Eppes Stacklëtzebuergesches, entworf an ausgeféiert vum Lëtzebuerger Kënschtler Léon Nosbusch, aus Lëtzebuerger Ierd, a gebak an aler Nouspelter Traditioun, verkaf zu Gonschte vun der Oeuvre Nationale Grande-Duchesse Charlotte.

Esou huet de Léon Nosbuch Joer fir Joer bis 1976 e neit Stéick entworf wat zu Gonschten vun engem gudde Wierk op der Éimaischen verkaf gouf.

Awer haut nach gëtt Joer fir Joer e Stéick aus Keramik fir e e sozialt Wierk op der Éimaischen verkaft.