De Péckvillchen an
„d’Stater Éimaischen“
De Péckvillchen an d’"Stater Éimaischen"
D’Éimaischen ass en Emmausmaart.
Ierden Päifen a Päifffiguren kruuten bis haut an der Literatur iwwert d‘Vollekskonscht an d‘Keramik wéineg Opmierksamkeet. Dobäi handelt et sech ëm populär Keramikprodukter vun enger grousser Formendiversitéit, déi een fréier bal iwwerall fonnt huet, wou „Aulebäcker“ geschafft hunn. Regional integréiert a bestëmmte Festbräicher, heiansdo och a kulteschen Handlungen benotzt, waren d'Päiffiguren an d'ierden Päiffen dach virun allem e beléifte Kannerspillgezäi.
Esou wuel a China wéi och an Indien, Mesopotamien an Ägypten, sin ierde Päifen duerch archeologesch Entdeckungen dokumentéiert an datéieren zréck an d’Zäit ëm 3300 v. Chr. . An der Antikitéit an am fréie Chrëschtentum sinn einfach, wéineg ausgeformte Päifdëppercher als Graafbeigowen nogewisen. Am grousse Ganzen ass awer relativ wéineg eelert Material bekannt. Lehmpäifen a Pfäiffiguren ware leider eng ganz zerbriechlecht an och net ganz wäertvoll Spillsaach.
Ons "Péckvillercher" ginn et als Päifdëppercher mat engem huelen Kierper, deen als Wandkummer déngt a bei deem de Wandkanal meeschtens direkt an d'Dëppchen ageschafft ass, grad esou wéi als Waasserpäifen ( „Spriddelcher“ ), déi aus engem Dëppchen bestinn, an daat Waasser gefëllt gët. Eng oppen Walzepäif ass esou an d’Dëppchen agefouert, dass de Bloossstroum, deen duerch de Wandkanal kënnt, d'Waasseruewerfläch bewegt.
De Bloosapparat, dee fir all gemeinsam ass, ass normalerweis an e liicht verflaachten Zylinder geformt, an deem de Wandkanal mat engem Stäbchen esou erausgestach gët, dass de de Bloosstroum géint den ieweschten oder ënneschten Opschnatt vun der Päif geleet gët. E versetzt d’Loft, déi am Huelkierper oder an der Walz ass a Schwengung.
Am 15. Joerhonnert huet d’Lëscht vun de Keramiken déi am Stot gebraucht gebraucht goufen, Päifen fir Kanner. Dës Notzung als Spillsaach verhënnert net datt Erwuessener d’Terrakotta-Päifen fir hieren Pleséier benotzen. Hei befaasse mir ons awer mam Thema Villchen. Normalerweis aus roude Lehm, ginn d’Stécker an enger Originalform gestanzt, dann am Ofen viirgebrannt, op der Hand bermolt a schliesslech bei engem zweete Brand émailléiert.
D’Päif ass e Liewenssymbol. Si ass den “Otem vum Liewen a vun der Séil”, fir den Ausdrock fir d’Flüt ze benotzen. Hier Symbolik mécht se zu engem beviirzuchten Instrument fir bestëmmte Verféierungs-Riten. Et gët ouni Zweifel bei e puer vun de Verwendungen vun der Päif och eng Duerstellung vum „Balz“-Verhaalen vu Villercher. Beweiser vun esou Traditiounen fënnt een a villen europäesche Länner.
An Italien, um Fest vu San Marco, de 25. Abrëll, erklären déi Jonk hier Léift a garanéieren hier Männlechkeet, andeems se hierer Verlobten eng Päif a Form vun engem Villchen geschenket hun. Zu Lëtzebuerg hun déi Jonk wahrscheinlech Ouschterméindeg och datselwecht gemaach. Och an Italien, zu Rutigliano (Bari), um Festdag vum hellegen Antonius (17. Januar), huet de Mann senger Verlobten eng Päif an der Form vun engem Hunn an engem Kuerf voll gedréchentem Uebst an Anis-“taralli”. Dat Geschenk wor e Versprieche vu Léift an huet d’Feier vun enger Hochzäit am selwechte Joer virausgesot. D’Versprieche vu Fruchtbarkeet vun der Päif gëtt hei duerch d’Offréieren vum Uebstkuerf verstäerkt.
Déi symbolträchtechst Traditioun fënnt een am Elsass, am Dierfchen Saint Gangolphe, wou fréier e Guckucksmaart ofgehaale gouf an haut nach ëmmer stattfënnt. Jonk Männer hunn do Päifen kaaft, während dféi jonk Meedercher Waasserpäifen kaaft hunn, déi si mat Waasser gefëllt hunn am Buer, deen dem Hellegen geweiht wor. Duerno hu si sech op béide Säiten vum Wee opgestallt an hunn sech ofwiesseln geruff, andemsd sie de Léiftgesang vun de Villercher nogermaach hun.
D’Nuechtegailchen oder “Tairaîette-rossignol” (provençalesch fir “klengt Dëschgeschir”) ass eng vun den eelste Spillsaachen an der Provence, déi fréier op Festdeeg un d‘Kanner noder Mass beim Verloossen vun der Kierch ausgedeelt gouf. Verléiftener hun et och benotzt fir während dem grousse Gehaansfeier geheim mateneen ze kommunizéieren. De Wert vun dësem Objet läit a sengem Fabrikatiounsgeheimnis. Ursprénglech am Besëtz vun enger bestëmmter Kategorie vu “reesenden” Aulebäcker, déi am Wanter hieren Ënnerdaach an hier Verfleegung géint e Koup Terrakotta-Päifen agehandelt hun. Dës kleng Objeten,waren an däer Zäit hier eenzeg Iwwerliewenschance an dofir hu sie hiert Geheotimnis vu Generatioun zu Generatioun ganz streng versuergt. Wéi och ëmmer, iwwer d’Jore sollt dat magescht Geheimnis vun dëser bezaubernder Päif verschwannen, an der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert.
Wäit ewech vun den dacks genannten Bauerebräich zur “Éimaischen” markéiert d’Päifen vun de Péckvillercher naiirlech och d’Enn vum Wanter, virun allem vun de Kugelförmegrn Modellen, deenen hire Klang de Ruff vum Guckuck imitéiert - Symbol vum Ufank vum Fréijoer. Et soll awer dro higewise gin, datt dës Symbolik an der Geschicht vun der „Éimaischen“ nëmmen eng ganz kleng Roll spillt ! Och sin déi meescht al “Péckvillercher” keng Guckucken, mee Nuechtegailercher, also “Spriddelcher” (Waasser-“Péckvillercher”).
Déi éischt Terrakotta-Päifen erschéngen net an enger onberéierter Klanglandschaft. Dat akustescht Signal vun der Paif huet eng beträchtlech Reichweit an ass liicht vun natierlechen Geräischer z’ënnerscheeden, wat seng Benotzung vu Jeeër-Sammler-Völker rechtfertegt. De Mënsch huet schon wahrscheinlech ganz fréih entdeckt wéi hien mat Graasshällem oder aneren natierlechen Materialien, déi keng Spure hannerlooss hunn, wéi Uebstkären oder oder Muschelen, päifen konnt. D‘Ethnologie verréit eis nach haut déi allgemeng Notzung vu Päifen aus Kären. Nieft der Flütt ass d‘Päif haut dat bekanntst eelsten Blosinstrument.
Och wann de Keramik schon ëm 29.000 v. Chr. a Form vu Figurinen bekannt ass, da weist nach haut keng Entdeckung drop hin, dass d’Terrakotta-Päif virum Neolithikum (Jungsteinzeit) ëm 10.000 v. Chr.
Entstaan ass, wéi sech schon de Gebrauch vu Keramik am Haushalt verbreet huet. D’Observatioun vu paleolithesche Knachenarcheo-logeschen Instrumenter weist awer, dass d’Technik vun Kugelpäif a vum Mondstéck mat Loftkanal deemools perfekt beherrscht gouf.
Déi modern Archeologie huet et eméiglecht Päifen z’entdecken, déi aus dem 5. Joerdausend v. Chr. um Ufank vum spéiden Neolithikum stammen.
Zwou ganz verschidden Aarte vu Päifen sinn aus dëser Period vum Neolithikum bekannt. Déi éischt Zort entsprécht enger klenger kugelfërmeger Päifen, wou d‘Mondstéck nëmmen aus engem Lach an der Wand besteht. Eng vun dëse Päifen (39 x 33 mm) gouf zu Perchtoldsdorf bei Wien entdeckt. Se staamt aus dem spéiden Neolithikum, wat fir dës Regioun ëm 1800 v.Chr. entsprecht.
Och wann et ewell vill Päifen gët an Europa, déi bei Ausgruewungen fonnt goufen, wäer et riskant, e puer allgemeng Conclusiounen ze zéien, déi relevant sin fir hir geographesch a chronologesch Verbreedung : d’Daten déi virleien, sin am Hibléck opdéi ënnerschidflech eeder an de Ausgruewungsmethoden an d’Publikatioun vun de Resultater an deenen verschiddene Länner schwéier ze vergläichen. D‘Entwécklung vun der Archeologie am urbanen Ëmfeld an d’Berécksichtegung vu mëttelalterlechen oder neizäitlechen Schichten bei Ausgruewungen hun an de leschte Joeren gehollef vill Päifen un d’Liicht ze bréngen, déi ons eng méi genau Virstellung vun enger europäescher Produktioun erméiglechen.
D’Interpretatioun vun dësen archäologeschen Entdeckungen bleift awer eng ganz delikat Aufgab. Soen d’Päifen, déi bei Ausgruewungen entdeckt goufen, genuch aus iwwer fir d’Produktioun vun enger Epoch oder fir d’Wiel vun den Archäologen zu den Epochen oder den auszegruewenden Plaazen ?
Kënne mir zum Beispill dovun ausgoen, dass d’Päif um Enn vum Mëttelalter eng Spillsaach fir d’Stater Awunner an eng méi héich sozial Klass wor, wann et sech haaptsächlech ëm d’Stied an déi besser gestallten Liewensraim handelt, déi haaptsächlech ausgegruewe gin ? D’Päifen déi fond gi sin, staamen dacks vun Dreckstippen vu biergerlechen Häiser oder aus der Ëmgéigend vu Burgen. E Kand aus engem ländlechen oder urbanen Aarbechter-Ëmfeld huet méi wéi wahrscheinlech an der Gaasdsd oder um Feld gespillt, a seng Päif gët vlaicht engesDaags an dësen méi selten ënnersichten Gebidder kann enges Daags an dësen manner dacks ausgegruewenen Beräicher entdeckt.
Et besteht eng Rouerpäif aus lëtzebuerger Produktioun, aus der Mëtt vum 16., bis Mëtt vum 18. Joerhonnert, woubäi de “Corpus” vum „Spriddelchen“ verschwonnen ass. Eng aner ähnlech Päif, déi op der Buerschenter Buerg fonnt gouf, kann tëscht dem 14. a 16. Joerhonnert datéiert gin. Dës Objet‘en si sécherlech zimlech rar, se beweisen awer dass “Péckvillercher” a fréieren Zäiten bei ons am Land gebrannt goufen.